Op den Inhalt sprangen

Ananke (Mound)

Vu Wikipedia
Ananke
(Jupiter XII)
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 21.276.000 km
Periapsis 16.095.000 km
Apoapsis 26.457.000 km
Exzentrizitéit 0,2435
Ëmlafzäit 629,770 Deeg
Ëmlafvitess 2,42 km/s
Inklinatioun 148,89°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 28 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 18,75
Entdeckung
Entdecker S. B. Nicholson
Entdeckungsdatum 28. September 1951


Den Ananke (och Jupiter XII) ass ee vun de baussenzegste Mounde vum Planéit Jupiter.

Den Ananke gouf den 28. September 1951 vum Astronom Seth Barnes Nicholson um Mount Wilson-Observatoire a Kalifornien entdeckt.

De Mound goufo der Ananke, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie, genannt. Säin offiziellen Numm krut hien 1975, virdrun gouf hien einfach als Jupitermound XII bezeechent, well hien den 12 entdeckte Mound vum Jupiter war.

Bunndonnéeën

[änneren | Quelltext änneren]

Ananke kreest ëm de Jupiter op enger mëttlerer Distanz vun 21,28 Mio. km a 629 Deeg, 18 Stonnen an 29 Minutten. D'Bunn weist eng Exzentrizitéit vun 0,2435 op. Mat enger Schéiegt vun 148,9° géint de lokale Laplace-Plang[A 1] ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

De Ananke gëtt enger Grupp vu Mounden, déi sech op änleche Bunnen ëm de Jupiter beweegen, den Numm. D'Ananke-Grupp huet 8 bis 16 Mounden, woubäi den Ananke de gréisste Member ass.

Physikalesch Donnéeën

[änneren | Quelltext änneren]

Den Ananke huet e mëttleren Duerchmiesser vun ongeféier 28 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Den Ananke huet eng ganz donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04. Déi visuell Magnitude ass 18,8m.

  1. De Laplace-Plang vum Ananke wäicht fir e baussenzege Mound mat zirka 2,4° zimmlech däitlech vun der Ekliptik of. Grond heifir si baussenzeg Stéierungen, virun allem duerch de groussen Nopeschplanéit Saturn. Géint den Equatorplang vum Jupiter ass de Laplace-Plang ëm ongeféier 4,9° gebéit.

Referenzen

[Quelltext änneren]