Gustave de Marie
Gustave de Marie | |
---|---|
Gebuer | 9. September 1842 |
Gestuerwen |
18. Februar 1915 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Geschäftsmann |
Famill | |
Papp | Gabriel de Marie |
De Gustave Gabriel Nicolas de Marie, gebuer den 9. September 1842 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 18. Februar 1915, war e lëtzebuergeschen Händler a Politiker.
Hie war vun 1871 un am Gemengerot vun Ettelbréck, a vun Januar 1879 bis Mee 1885, an dann nees vu Mäerz 1905 bis Dezember 1914, hire Buergermeeschter.[1]
Vun 1880 vis 1889 war hien Deputéierten an der Chamber.
Vun 1880 bis 1915 war hie President vun der Lëtzebuerger Pompjeesfederatioun; hie war och President vum Conseil supérieur pour le service d'incendie, a Grënnungsmember vun der Fédération nationale des commerçants. Vun 1883 bis 1915 war hie Representant vum Handel an der Chambre de commerce.
Hie war dat jéngst Kand vum Gabriel de Marie a gouf 1863 mat der Marguerite Tschiderer bestuet, mat där en zwee Kanner hat.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Officier vum Ordre de la couronne de chêne
- Chevalier avec couronne vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau