Sluis
Sluis | |
---|---|
Land | Holland |
Awunner | 23.243 (1. Januar 2023) |
Fläch | 307,01 km² |
Koordinaten | 51°21'N, 3°30'O |
Telefonszon | 0117 |
Postcode | 4500–4519 |
Websäit | http://www.gemeentesluis.nl |
Sluis ass eng Stad a Gemeng am Weste vun Zeeuws-Vlaanderen, an der hollännescher Provënz Zeeland. D'Haapuertschaft vun der Gemeng, déi e puermol mat aneren zesummegeluecht gouf, ass Oostburg. Den 1. Januar 2023 hunn an der Uertschaft Sluis ronn 2.400 Awunner gelieft. Deselwelchten Dag waren an der ganzer Gemeng Sluis ronn 23.000 Leit registréiert. Aner Uertschaften (just déi iwwer 1000 Awunnner) sinn ë. a.: Oostburg, Breskens, Aardenburg IJzendijke a Schoondijke.
Sluis huet 1290 seng Stadrechter kritt. Zu Sluis steet deen eenzegen hollännesche Beffroi.
Ëm Sluis hu sech 3 Séischluechten ofgespillt:
- D'1. Schluecht vu Sluis, 1340, déi éischt wichteg Schluecht am Honnertjärege Krich tëscht den Truppe vu Frankräich a semgem Alliéierten, der Republik Genua an deene vun England a sengem Alliéierten dem Grof vu Flandern.
- D'2. Schluecht vu Sluis, 1395, am Honnertjärege Krich tëscht den Truppe vum Jean de Vienne an deene vum Thomas Percy
- D'3. Schluecht vu Sluis, 1603, am Achtzegjärege Krich tëscht der Flott vun der spuenescher Kroun, an de Schëffer vun de Vereenegte Provënzen.
Am Zweete Weltkrich gouf d'Stad zu engem groussen Deel zerstéiert, wéi 1944 an der Operatioun Switchback d'Scheldeufer befreit gouf.
Fréier louch Sluis direkt um Zwin, an hat sou direkten Zougank zum Nordmier an zu der Westerschelde. No beim Zentrum läit nach ëmmer en Hafen. Och d'Festunge sinn zum groussen Deel erhale bliwwen. D'Damse Vaart, e Kanal bis op Bruges, hält zu Sluis op. Belsch Akafstouriste besichen dës Stad gär.
Gebuer zu Sluis
[änneren | Quelltext änneren]- Catharina van Orliens (1647-1680).
- Johan Hendrik van Dale, deen deen Dictionnaire vum Hollänneschen, de sougenannten "Dikke Van Dale", geschriwwen huet.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Sluis – Biller, Videoen oder Audiodateien |