Weilburg
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Weilburg | |
---|---|
Land | Däitschland |
Bundesland | Hessen |
Regierungsbezierk | Gießen |
Krees | Limburg-Weilburg |
Awunner | 13.334 (31. Dezember 2022) |
Fläch | 57,45 km² |
Héicht | 152 m |
Koordinaten | 50°29'N, 8°15'O |
Telefonszon | 06471 |
Postcode | 35781 |
Websäit | https://www.weilburg.de/ |
Jumelage mat | Privas, Zevenaar, Colmer-Bierg, Reykjavík |
Weilburg ass eng Stad an der Bundesrepublik Däitschland, Bundesland Hessen am Landkrees Limburg-Weilburg. D'Stad huet eng 14.000 Awunner a läit un der Lahn.
D'Haus Nassau-Weilburg kënnt vu Weilburg. De Groussherzog Henri vu Lëtzebuerg ass de sechste Lëtzebuerger Staatschef aus der Dynastie vun Nassau-Weilburg.
Uertschaften an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Duerch Fusioune sinn 1970 déi fréier Gemengen Ahausen, Bermbach, Drommershausen, Gaudernbach, Hasselbach, Hirschhausen, Kirschhofen, Kubach, Odersbach a Waldhausen opgeholl ginn.
Schlasskierch
[änneren | Quelltext änneren]An der Krypta vun der Schlasskierch vu Weilburg stinn Sarkophage vun der Famill Nassau: Groussherzog Adolphe vu Lëtzebuerg, d'Fra vum Adolphe d'Adélaïde-Marie vun Anhalt-Dessau an de Groussherzog Wëllem IV. vu Lëtzebuerg. All Kéier de 17. November fir den Doudesdag vum Adolph gouf d' Krypta an der Schlasskierch opgemaach a bleift de ganzen Dag fir de Public op.[1]
Partnerstied
[änneren | Quelltext änneren]- Privas, Frankräich (zanter 1958)
- Tortona, Italien (zanter 1964)
- Zevenaar, Holland (zanter 1966)
- Kežmarok, Slowakei (zanter 1998)
- Colmer-Bierg, Lëtzebuerg (zanter 2004)
- Kizilcahamam, Tierkei (zanter 2006)
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Altor vun der Schlasskierch vun Weilburg
-
Vue aus der Loft 2007
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Weilburg – Biller, Videoen oder Audiodateien |