Op den Inhalt sprangen

Mikroorganismus

Vu Wikipedia
Opnam mat engem Elektronemikroskop vum Vibrio cholerae, engem Bakterium, dat d'Krankheet Cholera provozéiert.

E Mikroorganismus, och nach Mikrob genannt, ass ass e winzegt Liewewiesen, dat fir de Mënsch mam bloussen Aen net siichtbar ass. Si liewen am Waasser, am Buedem an an der Loft. Och de mënschleche Kierper gëtt vu Millioune Mikrobe bevëlkert.[1]

Déi heefegst Vertrieder vun de Mikroorganismussen sinn d'Bakterien, d'Virussen an d'Pilzen. Protozoen sinn och Mikroben, déi fir Krankheete wéi Malaria oder Toxoplasmos verantwortlech sinn.

Verschidde Mikrobe si wichteg fir d'Gesondheet, wärend anerer krank maachen. Mikroben, déi krankheetserreegend sinn, gi pathogen genannt. Déi, déi net krankheetserreegend sinn, ginn apathogen genannt.[2]

D'Mikrobiologie ass d'Wëssenschaft an d'Léier vun de Mikroorganismen.

Commons: Mikroorganismussen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. gesundheitsinformation.de: Was sind Mikroben?
  2. DocCheck Flexikon: Mikroorganismus